Menü

Wee si mir?

D‘Daachfirma Conzim ass am März 2008 gegrënnt ginn. Den Zweck zu där Zäit wor d’Berodung an der Fuerschung vun Materialien um Gebit vun den Materialtechnologien. 2009 sinn dun déi éischt Aktivitéiten am Sektor vun den Immobilien dobäi komm.

Daat ständegt Wuessen vun den Aktivitéieten am Immobiliensektor a gléichzéiteg d‘Noloossen vun der Berodung an der Fuerschung huet derzou gefouert, dat d‘Firmen Conzimmo 2012, Geranimmo 2015 an e bëssen méi spéit Batirolux gegrënd goufen fir äisen Clientën e maximalen Service ubidden ze kënnen. D’Firma Conzimmo ass eng Firma déi an Imobilien investéiert. Sie huet sech spezialiséiert am kuezzäitegen Verlounen vun Zëmmeren an Appartementer, miweléiert oder net. D’Firma Batirolux huet sech spezialiséiert a grouss Transformatiounen an a Promotiounen fir Privatwunnengen. Geranimmo op der aanerer Säit offeréiert e breeden Spektrum vun Servicer “alles aus enger Hand“. Verkaaf, Verlounen laang- a kuezzäiteg, Administration de biens, Syndic, d‘Koordinatioun vun Ëmännerungen an Renovatiounen, sichen vun Immobilien déi sech fir Investitiounen eegnen, ...

Geranimmo huet a kuezer Zäit eng grouss Experienz entwekelt esouwuel an der „Administration des biens“ , am kuezzäitegen Verlounen vun Zëmmeren an Appartementer, ewéi och am Beräich fun den Immobilieninvestitiounen.

Déi modern digital Approche vun eiser Firma erlaabt ons eisen Clientën e maximalen Service a kuerzer Zeit unzebidden.

Servicer

Bild - Nei Projet'en

Rufft eis un

Telefonsnummer

(+352) 40 49 56

Schreiwt eis